ORTEA, EEN ARTISANALEN ICED TEA.

Ortea huet säin Ursprong an de Wiener Bëscher. Um Heemwee vun enger Wanderung waren d’Rucksäck gefëllt mat Brennnesselen. Owes ass et du Brennnessel-Zopp ginn a se war wuel lecker. Virwëlzeg wat nach sou hannert dëser éischter onbeléifter Planz stécht huet et net méi laang gedauert bis Brennnessel-Téi ee vun de perséinleche Favoritte war. Iced Tea hu mer schonn ëmmer gäre gedronk a sou war d'Iddi vun Ortea gebuer.

Aus Iwwerzeegung war vun Ufank u kloer, dass Ortea an engem nohaltege Kader misst entstoen. Dowéinst komme bei eis nëmmen heemesch Planzen aus biologeschem Ubau an d’Fläsch. Mir vertraue souwäit wéi méiglech op lokal Produzenten a fëllen Ortea selwer hei zu Lëtzebuerg of.

Eis Frënn

Et brauch een net vill Frënn fir glécklech ze sinn. Et musse just déi richteg sinn.

Kraider

Begrenzt duerch de Choix u BIO-Téi aus letzebuerger Produktioun, kommen eis Kraider vu Sonnentor aus Éisträich. Si stelle Kraidertéi am enke Kontakt mat de Baueren hier a lee genau wéi mir vill Wäert op Nohaltegkeet an Transparenz.


Hunneg

Qualitéits-Hunneg mat kuerze Weeër. Mat Passioun stinn de Joe Molitor, de Georges Gidt an de Jeannot Glodé hannert hire Beien. Den direkte Kontakt mat de Fournisseure mécht eis immens Freed an aus hirer laangjäreger Erfarung kann een nach sou munches léieren.


Äppeljus

Nieft Boskoop, Reinette a Rambour fënnt een nach sëlleg aner Äppelzorten an de Bongerte ronderëm d’Ferme du Klingelbour. Domat maache si een naturdréiwe BIO-Viz a beschter Qualitéit.


Cassisjus

An drëtter Generatioun baut Beutelsbacher am däitsche Remstal Uebst un. Säit jeehier fuerderen si den Erhalt vu Streuuebstwisen an der Regioun a verschaffen d’Uebst direkt an der eegener Kelterei weider zu Jus.