ORTEA, EEN ARTISANALEN ICED TEA.

Ortea huet säin Ursprong an de Wiener Bëscher, wou ee risege Brennnessel-Strauch eis Opmierksamkeet ergraff huet a mir realiséiert hunn, wat nach sou hannert där onbeléifter Planz stécht. Et huet och net laang gedauert bis Brennnessel-Téi sech ënnert de perséinleche Favorite rëmfonnt huet. A Kombinatioun mam Fait, dass mir well ëmmer gären Iced Tea gedronk hunn war d'Iddi vun Ortea gebuer.

Aus Iwwerzeegung war vun Ufank u kloer dass de Produit an engem nohaltege Kader misst entstoen. Dowéinst schaffe mir haut mat ausgewielte biologesch ugebauten Ingredienten, vertrauen op lokal Produzenten a produzéieren Ortea selwer hei zu Lëtzebuerg.

Product
Hi
Hi

D’Brennnessel ass fir Ortea, wéi dat drëtt Rad um Dräirad, et geet net ouni. D’Brennnessel ass éischter als onangeneemen Zäitgenoss bekannt, mee muncheree wier erstaunt iwwert seng verstoppte Qualitéiten. Zesumme mat engem Grapp voll anere lokale Kraider formt se eng geschmaachlech Symphonie an d’Basis fir Ortea.

Hi

Net nëmmen de Winnie Pooh schätzt säi gudde Goût. Och mir hu Gefalen um Hunneg fonnt, well e sou schéi blimmeleg schmaacht. Ideal also fir dem Ortea eng dezent Séisst ze ginn an dat ganzt ofzerënnen. 

Hi

An apple a day keeps the doctor away. Ob dat lo stëmmt oder net wësse mir och net sou richteg, mee mir wëssen awer dass den Apel een héije Stellewäert a Lëtzebuerg huet. Dofir war et fir eis evident, dass den Apel a Form vun ongefiltertem Viz den éischte Choix ass fir Ortea eng fruuchteg Nout ze ginn.

Eis Frënn

“Et brauch een net vill Frënn fir glécklech ze sinn. Et musse just déi richteg sinn.“ - Ee ganz gescheite Mënsch

Hi

Nieft Boskoop, Reinette a Rambour fënnt een nach sëlleg aner Äppelzorten an de Bongerte ronderëm d’Ferme du Klingelbour. Heiraus maache si een naturdréiwe BIO-Viz, deen eisem Goût entsprécht a sou och säi Wee an den Ortea fonnt huet.

De BIO-Hunneg huet och kee wäite Wee hannert sech. Mir bezéien dëse vum Joe Molitor, dem Beiemann vun Nouspelt. Mat Passioun a laangjäreger Erfarung steet hien hannert senge Qualitéitsproduiten a sengen onzielege fläissege Beien.

Hi
Hi

Eis Kraider kréie mir vun der Firma Sonnentor aus Éisträich, déi si am enke Kontakt mat Baueren aus der Ëmgéigend produzéieren. Si lee genau wéi mir vill Wäert op Transparenz a Respekt un Natur, firwat och eise Choix op si gefall ass. Mir hunn eng kloer Präferenz fir lokal Produiten, mee d’Sich no engem lëtzebuergesche Produzent deen dat europäescht BIO-Sigel dréit huet sech als schwiereg rausgestallt. An der Hoffnung an Zukunft mat engem méi lokale Produzent kennen ze schaffen hu mir eis aktuell fir eis éisträichesch Frënn vun der Sonn decidéiert.