Orteam

Dat si mir, den Daniel an de Stephan. No laanger Frëndschaft, flotte Soiréeën, gudden a mi schlechten Zäiten, si mer schlussendlech Associée ginn an hunn zesummen dës Entreprise gegrënnt. Op eng gewëss Manéier ass et wéi eng Hochzäit, wou Ortea d’klengt Këndche wier. Engersäits weess een net wat op een duer kënnt, anerersäits ass een trotzdeem bereet fir an déi Aventure ze starten. Als passionéiert Iced-Tea-Drénker wësse mir natierlech wat eis schmaacht a wat net. Mee een eegenen Iced Tea ze kreéieren, deen eise Critèrë gerecht gëtt war awer méi ee laange Prozess wéi erwaart. Obwuel mer eis hei op neiem Terrain beweegen, si mir gedriwwe vum gemeinsamen Zil fir Iced Tea besser ze maachen.

Hi

Stephan

Roll bei Ortea: Matgrënner, kreative Kapp a Produit

Firwat Ortea: Et ass fir mech eng Manéier meng Passioun fir Iessen a Gedrénks mam Dram vun der Selbstännegkeet ze verbannen

Mäin Dramberuff als Kand: Bauer

Eppes wat ech gäre kéint: Sangen

Schwächt: Gedold

Liblingsiessen: Neapolitanesch Pizza

Dat mëcht mäin Dag besser: Lagerfeier mat Kolleegen

Sou hunn ech mäin Ortea am léifsten: Net ze kal an direkt aus der Fläsch

Daniel

Roll bei Ortea: Matgrënner, Geschäftssënn a Vente

Firwat Ortea: E Start an d’Selbststännegkeet zesumme mat engem vu menge beschte Kolleegen? Say no more

Mäin Dramberuff als Kand: Fotograf

Eppes wat ech gäre kéint: Een Instrument spillen kënnen

Schwächt: Multitasking

Liblingsiessen: Menger Bom hier Lasagne

Dat mëcht mäin Dag besser: Authentesch Leit kenneléieren

Sou hunn ech mäin Ortea am léifsten: Liicht gekillt mat e bëssen Äis 

Hi